Haaptsäit
Wëllkomm op der Wikipedia op Lëtzebuergesch!
Am Moment gëtt et 67.890 Artikelen an 118 aktiv Benotzer, an all Mount kommen Dosenden nei Artikelen derbäi.
Jidderee kann hei matmaachen – och Dir!
Aktuell WikiProjeten: Kënschtlerbiographien, Leit op Stroosseschëlter
Wousst Dir schonn, datt…

- … déi hollännesch Provënz Flevoland praktesch ganz aus Land besteet, dat dem Mier ofgewonne gouf?
- … -40 Grad Fahrenheit a -40 Grad Celsius déi selwecht Temperatur uginn?
- … d'Berwart-Schlass zu Esch-Uelzecht 1954 ofgerappt gouf, fir 1956 als Kuliss fir d'Feierlechkeete vum Cinquantenaire nees fir kuerz Zäit opgeriicht ze ginn?
- … een an der Whirlpool-Galaxie (Messier 51 oder NGC 5194/5195), eng Spiralgalaxie am Stärebild Canes Venatici, eng äusserst aktiv Stäregebuert observéiere kann?
- … d'Uelzechtstrooss zu Esch virun 1923, jee no Deelstéck, Avenue de l'Hôtel de Ville, Rue de la Poste a Rue Marie-Thérèse housch?
Artikel vun der Woch

D'Manternacher Fiels ass en Naturschutzgebitt an de Gemenge Manternach a Mäertert, am Sirdall tëscht den zwou Uertschaften. Et ass Bëschgebitt, wouvun zirka 132 ha zanter 2000 ënner Naturschutz stinn. Am Kader vun der EU-Habitatdirectiv gehéiert den Dall tëscht Manternach an der Fielsmillen mat 171 ha gläichzäiteg zum europäeschem Natura-2000-Netz vu schützenswäerte Gebidder.
Si ass besonnesch bekannt fir hire bemierkenswäerte Griechtebësch. D'Sir huet sech do Laf vun der Zäit duerch d'Waasserkraaft an d'Schichte vum Muschelkallek agedéift an den Dall geschaf. Duerch déi geologesch a klimatesch Bedéngungen an déi fréier Kulturlandschaft mat Wéngerten a Bongerte besteet den Dall haut aus engem villsäitegen, awer nach bal ganz mat Bësch bedecktem Gebitt. Ekologesch interessant ass deen no Norden exposéierten Hank vun der Fielsmillen, dee vum Manternacher Griechtebësch ageholl gëtt. Eng aner Bëschgesellschaft an der Reserv ass den thermophilen Eechebësch, dee sech um Südhank vun der Muschelkallek-Fielswand erstreckt. Weider bitt den naturnoe Waasserlaf vun der Sir en amphibesche Liewensraum.
E Léierpad, mat Depart bei der Sirdallbréck oder zu Manternach, erkläert op 17 Panneauen déi natur- a kulturhistoresch Aspekter vun der Manternacher Fiels... > méi

Op engem 7. September

- 1533: Gebuert vun der Elisabeth I., Kinnigin vun England.
- 1909: Den US-amerikanesche Regisseur a Schrëftsteller Elia Kazan kënnt op d'Welt.
- 1930: De Kinnek Baudouin vun der Belsch gëtt gebuer.
- 1935: Gebuert vum senegaleesesche Staatspresident Abdou Diouf.
- 1936: Den amerikanesche Rock'n'Roll-Museker Buddy Holly kënnt op d'Welt.
- 1962: Doud vun der dänescher Schrëftstellerin Tania Blixen.
- 1966: De lëtzebuergesche Moler Henri Rabinger stierft.
- 1997: Doud vum Mobutu Sese Seko, President vum Zaire.
Kierzlech Verstuerwen

- 2. September: Péil Schlechter: lëtzebuergesche Graphiker, Comiczeechner an Auteur.
- 1. September: Jean-Paul Rappeneau, franséische Filmregisseur an Dréibuchauteur.
- 31. August: Édouard Balladur, franséische Politiker.
- 28. August: Harald V., Kinnek vun Norwegen.
- 25. August: Tim Curry, brittesche Schauspiller; Dolly Parton, US-amerikanesch Countrysängerin.
E Bléck op…

haut: Bibliothèque nationale de France.
Aner Wikimediaprojeten
Meta-Wiki– Koordinatioun
Commons– Medien
Wiktionnaire – Dictionnaire
Wikibooks – Léierbicher
Wikiquote – Zitater
Wikiversity – Léierplattform
Wikisource – Quellen
Wikinews – Noriichten
Wikidata – Wëssensdatebank
Wikivoyage – Reesguiden
MediaWiki – MediaWiki-Software
Wikispecies – Datebank fir Liewewiesen
Wikifunctions – Funktiounsbibliothéik